Mark RiosPortrait vum Andy Schleck aus "Faarfdrëpsen"

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Woch war de Kënschtler zu Lëtzebuerg, fir an enger Live-Show e Portrait vum Cyclist ze molen.
Mat "Faarfdrëpsen" Portraiten erschafen
D’lescht Woch war de Kënschtler zu Lëtzebuerg, fir an enger Live-Show e Portrait vum Andy Schleck ze maachen.

Déi gréissten Éier, déi een als Mënsch ka kréien, ass, wann e bekannte Kënschtler e Portrait vun engem wëll maachen. Keng aner wéi zum Beispill de Will Smith, den Tom Cruise oder kierzlech och de brasilianesche Futtballspiller Neymar huet de gebiertege Spuenier schonn dierfe portraitéieren.

De Mark Rios, och besser bekannt als Mr. Dripping, ass duerch seng Portraite weltberüümt ginn. Hie bréngt et fäerdeg, fir duerch Drëpse vu Faarf Gesiichter hoergenee duerzestellen. Eng Technik, déi hien iwwer Jore perfektionéiert huet an déi bis elo keen anere beherrscht. Manner wéi 10 Minutten huet et gedauert, bis op enger wäisser Toile a mat schwaarzer Faarf d’Gesiicht vum fréiere Cyclist an Tour de France Gewënner Andy Schleck ze gesinn ass.

Back to Top
CIM LOGO