Festival vu Cannes 2021Presentatioun vun zwou Lëtzebuerger Koproduktiounen

Joy Hoffmann
E Freideg an e Samschdeg goufen op der Croisette zu Cannes déi zwee Animatiounsfilmer "Where is Anne Frank" a "Le Sommet des dieux" gewisen.
Festival vu Cannes 2021
Presentatioun vun zwou Lëtzebuerger Koproduktiounen.

De Film, deen natierlech de meeschten Echo krut, well en an der offizieller Selektioun, zwar hors compétition, awer am grousse Sall Lumière gewise gouf, ass “Where is Anne Frank”.

Filmfestival Cannes (1)

“Where is Anne Frank” ass vum israelesche Realisateur Ari Folman. Hien huet d’Geschicht vum Anne Frank op Initiativ vun der Fondatioun Anne Frank an op Dränge vu senger Mamm, déi op Ausschwitz deportéiert war, fir d’éischt als Bande dessinée an elo och als Animatiounsfilm adaptéiert. Haaptproduzent vum Film ass de Jani Thilges vu Samsa Film, deem säin Numm genau esou grouss um groussen Ecran vum Palais zu Cannes erauskoum wéi dee vum Lëtzebuerger Filmfong. Eng gutt Publicitéit fir Lëtzebuerg, deemno, awer och e Film, dee ganz schwéier ze produzéiere war.

Den Haaptpersonnage vum Film ass d’Kiity di imaginàr, d’Frëndin aus dem Anne Frank sengem Tagebuch. Si gëtt op wonnerbar Manéier aus dem Manuskript eraus lieweg a mécht sech 70 Joer méi spéit op d’Sich nom Anne Frank.

De Film erzielt wuel d’Geschicht vum Anne Frank a setzt säin Tagebuch an dacks originellen, ganz bontfaarwegen oder stiliséierte Biller an Zeen. Et ass awer och eng Fabel, déi de Lien mécht tëschent deem Schicksal vun de jiddesche Familljen am 2. Weltkrich an dem Deracinement vu Millioune vu Refugiéë vun haut. Fir den Ari Folman gëllt et d’Erënnerung un den Holocaust, awer och den allgemengen humanistesche Message vum Anne Frank un déi jonk Generatioune weiderzeginn.

Filmfestival Cannes (2)

Deen zweete Lëtzebuerger Animatiounsfilm ass e Samschdeg den Owend op enger méi ongewinnter Plaz gewise ginn. De Cinema de la Plage ass eng Open-Air-Manifestatioun, déi gratis a fräi accessibel ass fir jiddereen, wat hei zu Cannes eng Seelenheet ass. De Programm besteet aus Klassiker a méi kommerzielle Filmer oder eben dann och grouss Premièrë wéi “Le Sommet des dieux”, eng Adaptatioun vun engem japanesche Manga, déi koproduzéiert gouf vu Melusine Productions. De franséische Realisateur Patrick Imbert erzielt déi spektakulär Geschicht vun 2 Alpinisten, déi de Mount Everest affrontéieren, fir erauszefannen, ob net schonn 1924 zwee Englänner Spëtzt erreecht hätten, also gutt 30 Joer virun der offiziell unerkannter Expeditioun vum Edmund Hilary am Joer 1953. De Film beschreift d’Welt vun den Alpinisten, den Drang zum onméiglechen Exploit, wou d’Passioun dacks d’Limitte vum Raisonnabelen depasséiert.

Souwäit dat éischt Lëtzebuerger Kapitel hei zu Cannes, wann een dat esou soe kann. Éier de leschten Dag vum Festival dann déi 3. Lëtzebuerger Koproduktioun virgestallt gëtt, déi Kéier awer an der Competitioun, ass et an den nächsten Deeg den Tour um Vicky Krieps hiert Talent an 2 groussen Haaptrollen um Festival ze weisen.

Back to Top
CIM LOGO