Véier nei Ausstellunge fir de SummerProject Room: D'Claudia Passeri an der Konschthal zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Zanter 2022 organiséiert d’Konschthal zu Esch reegelméisseg d’Format "Project Room", bei deem verschidde Kënschtler a Kënschtlerinnen d’Méiglechkeet kréien, hir artistesch Projeten an engem kreative Raum auszestellen.
Project Room: D'Claudia Passeri an der Konschthal zu Esch
“Rurale Brutale” nennt sech hir Ausstellung an hannerfreet d’Wichtegkeet vun Traditiounen.

Dëst Joer ginn dofir iwwert de Summer véier Ausstellunge gewisen, vum Claudia Passeri, Julien Hübsch, Letitzia Romanini a Jeremy Palluce.

Claudia Passeri

Déi Italieenesch-Lëtzebuergesch Kënschtlerin Claudia Passeri bezitt sech an hirer Aarbecht an der Konschthal virun allem op Traditiounen aus hirer Heemescht, de Marken an Ostitalien. “Rurale Brutale” nennt sech hir Ausstellung an hannerfreet d’Wichtegkeet vun Traditiounen a presentéiert eng Oppositioun vu ländlechen an urbane Géigenden.

Hir Expo ass och déi éischt, déi engem an der Konschthal an d’A spréngt. Direkt an der Entrée vum Konschthaus steet e grousse Bam, deen d’Kënschtlerin aus Italien importéiere gelooss huet. Dëse reegt bis op den éischte Stack an ass mat faarwegen Dekoratioune behaangen.

Dat Ganzt ass eng Uspillung op eng Traditioun aus de Marken, fir déi bei der Gebuert vun engem Kand genee esou ee Bam opgeriicht a mat bloen oder rosaen Dekoratioune gerëscht gëtt. E bësse moderniséiert steet elo hei awer e Liewensbam, dee vill verschidde Faarwen u sech dréit.

Ee Stack méi héich fënnt een eng Rei fäerdeg Konschtwierker, déi och aus Italien importéiert goufen. E roude Rideau, dee fréier an der Entrée vun engem italieenesche Buttek houng, oder e Stroosse-Warnschëld fir Wëld mat zwou Schoss-Plazen drop. Si sollen de Visiteuren déi traditionell Liewensaart vum Land méi no bréngen a se awer och gläichzäiteg aus hirem Kontext rappen.

E wichtegt Thema an dëser Aarbecht vum Claudia Passeri ass och d’Zesummespill tëschent deenen enge Leit, déi aus de ländleche Géigende fortplënneren an deenen, déi aus der Stad an d’Land verdrängt ginn. Wat bréngt Leit dozou, dee Liewensstil ze wielen, dee se liewen a wéi kënnen Traditiounen haut mat enger moderner Welt koexistéieren? D’Expo soll d’Visiteuren och zum Nodenken ureegen.

Bis den 21. September sinn déi véier Expoen aus der Serie Project Room nach an der Konschthal ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO