Mat THE LAST WISH kritt de PUSS IN BOOTS säin zweete ganz eegene Film no 2011. De Loïc Tanson mam Kinotipp.
De Puss, en Held dee näischt a kee fäert, ass matten an enger existenzieller Kris. Hien huet 8 vu senge 9 Liewen op ganz oniwwerluechte Manéier opgebraucht a muss elo dem Doud an d’Ae kucken. Fir dësem Fluch vun der Stierflechkeet ze entkommen well hien e legendäre Stär fannen deen him mat engem eenzegaartege Wonsch all seng Liewe soll zeréck ginn. Ma de Puss ass net eleng hannert dësem Schatz hier.Dës Suite vum Kueder mat den héije Stiwwelen affichéiert eng ganz eegen Ästhetik vu fir eran. En Animatiounsstil deen méi no on der Molerei wéi um puere Realismus ass, genee wéi eng Réi Actionsequenzen déi staark vun der Welt vun de japanesche Manga Filmer inspiréiert ass, ënnerscheeden PUSS IN BOOTS: THE LAST WISH vun de sëllegen Hollywood Animatiounsfilmer déi an der Lescht an de Kinoen erauskomm sinn. Dëse stilistesche Parti-Pris un deen een sech ufanks dach muss gewinnen, dréit awer dozou bäi datt dës märchenhaft Welt an där de Puss wéi e Blëtz vun enger Aventure an déi aner stolpert ëmsou méi originell ass.
Schued ass awer datt Dréibuch deem net gerecht gëtt. Konventionell an ouni iergend eng Iwwerraschung ass dës Geschicht nawell zéi a laangwiereg. Verspillten, witzeg a ganz attachant Niewepersonnagen fänken dëst awer deels op. Et ass deemno och de klenge Mupp Perrito deen all senge Kolleege d’Show klaut an dee fir déi gréisste Lacher uechter de Film suergt.