SüdafrikaRapper AKA viru Restaurant erschoss

RTL Lëtzebuerg
Ee vun de beléiftste Rapper a Südakrika, den AKA, ass virun engem Restaurant an der Stad Durban am Südoste vum Land erschoss ginn.
© AFP/File/RAJESH JANTILAL

Dat huet d’Famill vum Museker, dee mat biergerlechem Numm Kiernan Forbes geheescht huet,e Samschdeg confirméiert.

De 35 Joer ale Kënschtler huet am Laf vu senger Karriär net nëmmen eng sëllegen Präisser a Südafrika gewonnen, mee war och an den USA eng Rei Kéiere fir d’Black Entertainment Television (BET) Awards nominéiert. Eng Kéier stoung hien och op der Nominéierungslëscht fir en MTV Europe Music Award.

“Et ass mat grousser Trauer datt mir den Doud vun eisem geléifte Jong confirméieren”, hu seng Elteren an engem Message um Twitter-Account vum AKA geschriwwen. “Eise Jong gouf geléift, an hien huet Léift zeréckginn.”

De Rapper gouf e Freideg den Owend zesumme mat engem anere Mann erschoss, wärend si vun engem Restaurant bei hiren Auto gaange sinn. D’Motiv fir d’Dot ass nach net bekannt, d’Police investigéiert.

Back to Top
CIM LOGO