Mini-Zäitschrëft"Raw Access" kuckt hanner d'Kulisse vum Hip-Hop

Claudia Kollwelter
E Grupp Fotografen huet decidéiert, Publikatiounen eraus ze bréngen, bei deenen d’Foto wierklech erëm am Fokus steet.

Op de soziale Medie gëtt ee mat Fotoe bombardéiert. Déi mannsten huele sech awer Zäit, se wierklech ze kucken. Genee dowéinst huet e Grupp vu Fotografen hei am Land decidéiert, Publikatiounen eraus ze bréngen, bei deenen d’Foto wierklech erëm am Fokus steet.

"RAW ACCESS" vum Gilles Kayser - Reportage Claudia Kollwelter

All dräi Méint bréngt filterphoto.lu en themateschen Zine eraus, also eng kreativ, selwer gemaachte Mini-Zäitschrëft. Eelef Editioune ginn et schonn an d'Theeme gi vu bis, wéi de Fotograf Gilles Kayser erkläert:

“Mir haten zum Beispill eng Publikatioun, hat ech mam Sven Becker zesummen, iwwert d'Corona-Protester. Da gouf et awer och eng aner Publikatioun, vu Marc Erpelding an Dirk Mevis iwwer Stockcar, dat heescht, et soll schonn ëmmer e Projet sinn an dee kann e Bezuch zu Lëtzebuerg hunn, muss awer net sinn."

Mir hunn och reegelméisseg auslännesch Fotografen. Mir hunn e Berliner Fotojournalist, dee fir “Die Zeit” schafft. Deen hat eppes iwwer de Berliner Marathon publizéiert.

An de Greg Girard, dat ass och an der Fotoswelt eng Figur, deen, deen déi lescht Editioun eraus bruecht huet.

“Raw Access” heescht déi rezent Editioun, mat Fotoe vum Gilles Kayser, bei där sech alles ëm den Hip-Hop dréint.

 “Et ass am Fong e Projet, deen ech iwwert déi lescht zwee Jore realiséiert hunn, wou ech d'Hip-Hop-Evenementer zu Lëtzebuerg dokumentéiert hunn. Éischter Boom-Bap aus den 90er, esou aus der Golden Era, hunn ech d'Eventer, déi vum 'De Läbbel' organiséiert gi sinn, do hunn ech all Event couvréiert a probéiert, Backstage-Fotoen ze maachen, Portraiten an esou weider. Déi Iddi war am Fong elo net, Concertsfotoen ze weisen. Wann ech elo eng Grupp googlen, da fannen ech 100 Concertsfotoen dozou. Et ass éischter, dass dat am Kontext zu Lëtzebuerg ass, am Backstage vum Gudde Wëllen vun de Rotonden oder esou. Ech fannen, dat gëtt deem Ganzen eng vill méi perséinlech Nott.”

 Wéi de Gilles Kayser sot, sinn et keng klassesch Concertsfotoen. Hien huet d'Artisten op ënnerschiddleche Plaze fotograféiert:

“D'amerikanesch Artisten, do ass et dann ëmmer, déi komme relativ spéit un an da muss et schnell goen. Dat heescht, déi Fotoe sinn elo all Backstage relativ schnell entstanen. Et sinn awer verschidde Lëtzebuerger Kënschtler dran, de Skibbi, de Bobby Bieles, mat deenen hat ech dann eng separat Fotosession, wou mer eis getraff hunn, fir e Portrait ze maachen. Mee dat sinn dann awer och Kontakter, déi ech duerch de Backstage an duerch déi Zeen besser kennegeléiert hunn.”

Wichteg war et dem Fotograf, am Zine keng Hierarchie ze hunn tëscht den US-amerikaneschen an de lokalen Artisten.

“An der Publikatioun si se juxtaposéiert, si gehéieren zur selwechter Kultur. An ech hunn dat probéiert, ech wollt do net just en Hommage un déi, déi ech selwer a menger Jugend gelauschtert hu maachen, mee d'Lëtzebuerger an déi lokal Artiste genau esou wäertschätzen.“

Ronn 40 Fotoe fënnt een an der Publikatioun “Raw Access”, all schwaarz -wäiss:

"Fir dee Sujet gefält mer déi schwaarz-wäiss Ästhetik besser. Oft ass wierklech net vill Luucht am Backstage, et ass däischter, et ass owes. An dann huet een, wann een d'Fotoe faarweg mécht, huet een extreem vill Rauschen dran. An am Schwaarz-wäiss mam Grin, dat gëtt deem Ganzen e gewëssene Charme.”

Dem Gilles Kayser säi Zine iwwert d'Hip-Hop-Zeen kann ee via Internet bestellen, 100 Oplage goufe geprint an op filterphoto.lu fënnt een natierlech och déi viregt Publikatiounen.

Back to Top
CIM LOGO