
D’Zeremonie vum Buchpräis um Donneschden ass traditionell den Optakt vun de Walfer Bicherdeeg. En Owend deen dëst Joer e bëssen anescht verlaf ass wéi gewinnt. Germaine Goetzinger, Lynn Cosyn a Charlotte Reuter, Claudine Muno, Anja Di Bartolomeo a Fabienne Hollwege...5 Präisser waren an de verschiddene Kategorien ze verginn, an ëmmer nees war et eng Fra déi op d’Bün geruff gouf, fir hire Präis entgéint ze huelen. Och fir eng aner Fra sollt e memorablen Owend ginn. Wéi den Zoufall et esou wollt, war et der Sam Tanson hire leschten Dag als Kulturministesch, a fir d’Politikerin gouf et e Kaddo vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren an eng Standing Ovation fir Äddi ze soen.
Nodeems um Donneschden Owend déi lescht Gäscht de Centre Prince Henri verlooss haten, huet de Sall eng Metamorphose duerchgemaach a sech pénktlech e Samschden de Moien um 10h00 mat «Books for Kids» als e Paradäis fir jonk Lieser presentéiert. Groussen Undrang gouf et och schon direkt bei der Ouverture an der Hal 1 mat den Okkasiounsbicher wou d’Leit Schlaang stoungen fir als alleréischt eragelooss ze ginn. Ech ka mech nach gutt u mäin éischte Besuch bei de Walfer Bicherdeeg erënneren, dat muss esou 1997 oder 98 gewiescht sinn. Bananekëschten gouf et schon deemools, an och d’Freed fir dran ze kromen an onerwaarten Entdeckungen ze maachen. Mä et huet sech vill verännert! Zënter dem leschte Joer kann ee sech Performancen op der Aussebün ukucken, oder dobäi sinn wann an der wonnerschéin restauréierter Maison Dufaing d’Auteuren aus hiren fuschneie Wierker virliesen. Fuschnei ass och en Erzielband vun engem Schrëftsteller dee wuel e ganzt Jorhonnert méi al ass wéi déi jéngsten Däbessen, déi dëse Weekend an der Kannerbicherhal ënnerwee waren. De Besuch vum Pe’l Schlechter, dee mat 102 Joer säin neit Buch signéiert huet, war ouni Zweiwel en Highlight vum Samschdeg. Hie war awer net deen eenzegen Honnertjäregen op de Walfer Bicherdeeg: déi literaresch Revue “Cahiers luxembourgeois” feiert dëst Joer hiren 100ste Gebuertsdag.
En aneren Highlight war samschdes owes «Word in Progress». An der Kaffisstuff, déi bis op déi leschte Plaz besat war, hunn de Robbie Martzen, d’Wendy Winn an den James Leader Extraiten aus bis elo onverëffentlechten Texter zum Beschte ginn. Ech muss zouginn, ech war hin an hirgerappt, ob ech no engem laangen Dag nach bleiwe sollt, mä et huet mir net leed gedoen!
Um Sonndeg (dem Dag vun der RTL Dictée) huet dann endlech och d’Wieder matgespillt an et konnt ee gemittlech tëscht den Hale flanéieren ier een sech nees op d’Sich no neiem Liesfudder gemaach huet E puer Trouvaillen an enger Bananekëscht, e Band vum Roger Manderscheid an ee laang vergraffent Wierk vun der Margret Steckel, déi an der Hal niewendrun um Stand souz fir hiert neitstend Buch z’ënnerschreiwen. Wéi ech mat mengem Akaf do ukoum fir e mir vun der Autorin signéieren ze loossen, eng Iwwerraschung: de fréiere Besëtzer krut d’Buch scho viru méi wéi 10 Joer vun hir ënnerschriwwen!
Walfer ass ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt, sief et en Telefon op dem ee Gedichter lauschtere kann oder e Projet dee sech un Texter vum Edgar Allen Poe inspiréiert an deen an den USA mat engem Präis ausgezeechent gouf. Fir hirt “Media Book Edgar - Poe” kruten d’Shadow’s Night a.s.b.l. a ShadoWhispers dee prestigiéisen “Saturday Visiter Award”.
An dass eng Etikett an engem Kleedungsstéck dozou féiere kann, dass e Krichsverbriecher bestroft gëtt, dat huet mir den Didier Eisack erzielt. Sengem Grousspapp, dem Resistenzler Joachim Eisack, ass et 1945 gelongen den Nazi a Krichsverbriecher Otto Abetz ze enttarnen an ze verhaften.
Nodeems d’Bicherdeeg a Präsenz vun der Kulturministesch sortante hir offiziell Ouverture haten, war dann um Sonndeg Nomëtteg den neie Minister Eric Thill op Besuch. Wéi ech mech op den Heemwee gemaach hunn, war et scho bal 5 Auer, net méi laang da géifen d’Stänn zoumaachen. Am Gepäck hat ech e sëlleche Bicher a vill flott Erënnerungen.
Méi iwwer d’Bicher déi dëst Joer beim Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent goufen, an hir Autorinnen, fannt Dir an de Linken hei drënner.
Podcast RTL BicherLies: D’Schrëftstellerin an Actrice Fabienne Hollwege
Podcast RTL BicherLies mam Claudine Muno, Anja Di Bartolomeo a Roland Meyer