
© Jérôme Jaminet
De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip ënnerhalen sech mam Roland Meyer, Anja Di Bartolomeo a Claudine Muno
Jugendbicher ginn der hei zu Lëtzebuerg net vill geschriwwen. Wann der an enger Saison 3 beieneen erauskommen, ass et also sécher derwäert, fir déi Bicher an hir Auteure virzestellen!
Am neitsten Episode vum literaresche Podcast RTL BicherLies ënnerhalen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech mam Roland Meyer, mam Anja Di Bartolomeo a mam Claudine Muno. Hir Bicher schwätze ganz ënnerschiddlech Themen un, vum Klimawandel iwwer mental Problemer, häuslech Gewalt, d'Pandemie bis bei d'Sich no der eegener Identitéit. Am Gespréich geet et awer net just ëm d'Bicher u sech, mä och ëm d'Situatioun vun de Jonken am allgemengen. Net vergiess ass och d'Fro: Liesen déi Jonk iwwerhaapt?
3 cool Bicher ginn op alle Fall am Podcast virgestallt, an och d'Auteure selwer hunn e puer Buchtipps matbruecht.
"Koma 21" vum Anja Di Bartolomeo ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm
"Dëst ass net däi Liewen" vum Claudine Muno ass bei Op der Lay erauskomm
"Leandro" vum Roland Meyer ass bei capybarabooks erauskomm




