
Déi Responsabel vun der “Gëllener Hammbier” hunn d’Nominatioune fir hiren “negative” Filmpräis presentéiert. Direkt véier Oscar-Gewënner hunn déi sougenannte “Razzies” an Aussiicht.
D’Michelle Yeoh ass fir hir Roll als Anti-Heldin am “Star Trek: Section 31" noméiert als “Schlechtsten Actrice”. Och an där Kategorie nominéiert sinn d’Ariana DeBoese, d’Milla Jovovich, d’Natalie Portman an d’Rebel Wilson.
Fir den Award vum “Schlechtsten Acteur” vum Joer sinn ënnert anerem den Dave Bautista, den Ice Cube an The Weeknd nominéiert ginn.
Fir hir Prestatiounen an de “Schlechtsten Niewerollen” dierfe sech zum Beispill den Nicolas Cage an de Sylvester Stallone “Hoffnungen” op e Präis maachen.
Fir déi “Schlechtste Koppel op der Leinwand” ass de Robert de Niro nominéiert ginn. Am Thriller “The Alto Knights” hat hien an enger Duebelroll zwee verfeint Mafiabosse gespillt.
D’"Razzies” wäerten traditionell een Dag virun den Oscaren iwwerreecht ginn. Dee berüümte Gala ass dëst Joer fir de 15. Mäerz geplangt.