Deierst Konschtwierk, dat jee an Europa versteet goufRonn 86 Milliounen Euro fir dem Gustav Klimt seng "Dame mit Fächer"

RTL Lëtzebuerg
De leschte Portrait vum Wiener Jugendstil-Kënschtler Gustav Klimt koum en Dënschdeg den Owend zu London ënnert den Hummer.
© AFP/Mathilde BELLENGER

D’Auktiounshaus Sotheby’s war virun der Stee dovun ausgaangen, dass ee fir d’Bild eng Rekordzomm vu 75,7 Milliounen Euro (65 Millioune Pond) erzile kéint. Um Enn sollten et souguer nach méi Sue sinn. Dem éisträichesche Kënschtler seng “Dame mit Fächer” sollt fir iwwer 86 Milliounen Euro (74 Millioune Pond) de Besëtzer wiesselen an domadder en neie Rekord, fir e Konschtwierk, dat an Europa versteet gouf, opstellen.

Bis ewell war dem Alberto Giacometti seng Skulptur “Walking Man I” dat Wierk an Europa, dat den héchste Präis bei enger Konschtauktioun abruecht huet. Sotheby’s hat et am Joer 2010 fir 65 Millioune Pond versteet.

D’Wierk “Damm mat Fächer” war am Klimt sengem Atelier op der Staffelei fonnt ginn, nodeems hien am Februar 1918 onerwaart am Alter vu 55 Joer gestuerwe war. Um fräie Marché sinn dem Klimt eng Wierker extrem rar. 2006 war säi Portrait “Adele Bloch-Bauer II” bei Christie’s zu New York fir 87,9 Milliounen Dollar (81,5 Milliounen Euro) versteet ginn, ier et 2017 an enger privater Vente fir ganzer 150 Milliounen Dollar de Besëtzer gewiesselt huet.

Back to Top
CIM LOGO