
Mat 15 Joer wollt si Journalistin ginn, fir d’Welt ze veränneren, awer glécklecherweis huet se - eegenen Aussoen no - hei net Fouss gefaasst. Soss hätt si net déi Karriär gemaach, déi hir 2012 souguer de Präis “Femme de l’année” abruecht huet. Am “Café des artistes” hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d’Shari Schenten héieren, wéi wichteg hir Mënsche sinn, wéi se Männer d’Häerz gebrach huet, firwat se “Strëmpi” genannt gëtt a firwat si den Dalai Lama dem Poopst Franziskus virzitt.
Piano: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.