
Wat ass aus dem fréiere Chefinspekter Armand Jaminet vun der Police ginn? Am Bistrot de la Presse ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d’Shari Schenten där Fro no.
Den Armand Jaminet verréit, wéi et deemools bei der Police war, wéi hie vun der “Police Secours” bei d’Wäiss Mais koum a spéider bei d’Instruction routière. Hie war awer och Massendénger, Keelebouf, déi éischt Stëmm vum Trafic Info a 6 Joer President vun der “International Police Association”. Vill Spannung verspriechen awer och d’Geschicht iwwer d’Mafia zu Lëtzebuerg a wéi hien duerch pueren Zoufall, Bankraiber d’Handwierk geluecht huet.
Piano am ‘Bistrot de la Presse": Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
