Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Betty Fontaine

RTL Lëtzebuerg
D'Betty Fontaine ass d'Cheffin vun enger klenger Brauerei aus dem Norden.

Mir gi gewuer, wéi gär déi jonk Fra iwwerhaapt Béier huet, awer och wéi hiren Optrëtt als Gënzekinnigin war. A souguer wéi se sech hire Mann erausgesicht a bestuet huet, ouni iergendengem virdrun e Piipcheswiertchen ze soen, gëtt en Thema am ‘Café des artistes’ am Gronn beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten. Mir héieren, ob et e Geheimrezept fir hire Béier gëtt, firwat si de Camionsführerschäin huet, dass se bal Ministesch gi war a wéi e Glas Béier hir eng Kéier d’Liewe gerett huet.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
Back to Top
CIM LOGO