Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Bibi Wintersdorf

RTL Lëtzebuerg
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.
© RTL Grafik

D’Bibi Wintersdorf kennt een haut wéinst dem Magazine “Kachen”. Ugefaangen huet awer alles mam Sangen, duerno war d’Meedche vun Esch am Finanzministère, Produzentin vum Metty Krings am Kannerprogramm vum däitschen RTL, Moderatrice, Stëmm bei IP, Kommunikatiounscoach, Héichschouldozentin an Auteur vu Bicher iwwer Lëtzebuerg an de 60er, 70er an 80er Joren. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet awer och rieds vu flotte Momenter mam Harrison Ford, Angela Merkel, dem Pelé an dem King Kong.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO