Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Charles Goerens

RTL Lëtzebuerg
Den Europadeputéierten Charles Goerens huet schonn a ganz jonke Jore mat sengem Papp iwwer Politik diskutéiert.
© Patrick Greis / RTL

Am “Café des artistes” verréit de Stëmmegarant aus dem Norden, deen als Bauer scho mat vill Rëndvéier ze dinn hat, firwat hien heemlech frou ass, ni Landwirtschaftsminister ginn ze sinn. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten proposéiert hien den Zölibat fir Politiker, beschreift seng Problemer mat de Radaren am Ausland a liwwert d’Hannergrënn vu senger Laachkris an der Chamber.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO