Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Dan Kersch

RTL Lëtzebuerg
"Roude Rebell aus dem Häerz vum Minett" gouf den Dan Kersch emol genannt.

De fréieren Innen-, Aarbechts- a Sportminister huet zanter e puer Méint seng politesch Rent. Am ‘Café des artistes’ huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel verzielt, wéi et him domadder geet. Awer och den Handball, säi Motto, seng Zäit op der Bunn, als Gemengebeamten, Buergermeeschter, Deputéierten, Diplomat a säi Kampf mat der Schoul goufen thematiséiert.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Café des artistes wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
Back to Top
CIM LOGO