
Mam Danielle Igniti ass net gutt Kiischten iessen, an dat huet schonn zu Diddeleng an der Spillschoul ugefaangen. Zu de wichtegsten Etappen zielen, no der Uni zu Bréissel, wou d’Danielle Konschtgeschicht a Franséisch studéiert huet, d’Zäit als Direktesch vum Kulturzenter Opderschmelz an hir Zäit als Presidentin vum Planning familial. Awer och politesch ass si keen onbeschriwwent Blat, ëmmerhi war si tëscht 1994 an 2011 Presidentin vun de “Femmes socialistes”.
Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et awer och ëm eng Kiischtendrëpp vum Thierry Van Werveke, verschidde Proffen, déi verhaasste Museksschoul an eng gewësse Madamm Houtsch. Piano am ‘Bistrot de la Presse": Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
