
Mat enger fester Zaubershow zu Las Vegas huet den Zauberer an Illusionist gewisen wat an him stécht. Am ‘Café des artistes’ huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verroden wéi hien d’Courteney Cox, den David Arquette an de Sacha Baron Cohen kennegeléiert huet. Hien schwätzt iwwer ‘The next Uri Geller’, awer zielt och wat hien vun Schéinheetsoperatiounen hält a kuckt nach emol op säin trageschen Accident zréck.
Piano: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.