Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Désirée Nosbusch

RTL Lëtzebuerg
Um Radio huet alles ugefaangen, dat schonn a jonke Joren. Et war de Start an eng grouss Karriär.
© Patrick Greis

Den 29. Juli 1977 huet alles ugefaangen. Do huet e klengt Meedchen vun Éileng op der Mess e Fouss an d’Villa Louvigny gesat, a mat 12 Joer scho Radiossendunge fir den däitschen RTL moderéiert. Wat deemools kee wousst, eng international Karriär war gebuer, déi bis haut unhält.

Nach ëmmer animéiert d’Désirée Nosbusch grouss Soiréeën an huet sech no ‘Bad Banks’ als gefroten Actrice en Numm gemaach.

Am “Café des artistes” erënnert d’Désirée sech un eenzel Kapitelen aus hirem Liewen. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et awer och ëm den ESC, Rieslingspaschtéiten, den Dschungel, de Playboy, Männer an den Hond.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Café des artistes wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
Back to Top
CIM LOGO