
Wien kennt de Witz net: Treffen sech zwee Yetien. Seet deen een: “Du gëschter hunn ech de Reinhold Messner gesinn.” Seet deen aneren: “Wéi, gëtt et deen wierklech?”.
Am ‘Café des artistes’ am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d’Shari Schenten Bekanntschaft mam Reinhold a senger Lëtzebuerger Fra Diane gemaach, a sinn gewuer ginn, wat d’Geheimnis vun hirem Gléck ass. Awer och den Doud war en Thema, seng schéi voll Hoer, den Handy, Fleesch, kal Féiss an d’Lëtzebuerger Wéngerten kommen dës Woch zur Sprooch.
Piano: Marc Schmidt
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.