Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Fernand Etgen

RTL Lëtzebuerg
Dem Fernand Etgen seng politesch Karriär goung ëmmer just biergop. Buergermeeschter, Minister, Chamberpresident.
© RTL

Ma de Fernand Etgen ass och en excellente Grillmeeschter, Bréckebauer, Charmeur an Acteur. Hie verpasst näischt, och mat den Aen zou. Am ‘Café des artistes’ am Gronn sinn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d’Shari Schenten awer och gewuer ginn, dass hie gär séier mam Auto fiert, den Tour de France eng Kéier gewanne wollt a firwat hie souguer an Amerika ‘Tiger’ genannt gëtt.

Um Piano: de Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO