Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Iff Bennett

RTL Lëtzebuerg
Den Iff Bennett war viru 40 Joer eent vun den éischte RTL-Plus-Gesiichter a bei eis um Radio huet hie samschdes am 'Check-In' d'Leit an d'Vakanz geschéckt.
© RTL

Am “Café des artistes” beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten goung och rieds iwwer “7 Tage - 7 Köpfe” fir déi hie Witzer geschriwwen huet. Seng Karriär als Sänger a seng Zesummenaarbecht mam Frank Farian sinn dës Woch en Thema, awer och seng Déieresendung “Einfach tierisch”, fir déi hie vum Helmut Kohl de “gëllenen Elefant” iwwerreecht krut, kënnt op d’Tapéit a mir gi gewuer, firwat Al Bano a Romina Power en Optrëtt bei him verschlof hunn.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
Back to Top
CIM LOGO