Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam René Kollwelter

RTL Lëtzebuerg
De René Kollwelter ass e fréiere Futtballspiller, Proff, Ex-Deputéierten an elo och Auswanderer.
© Patrick Greis

Am ‘Café des artistes’ schwätzt den Auteur vum Buch ‘“Au fil des semaines ... " beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten iwwer seng Kandheet an de Faubourgen, firwat en ni Sportsproff ginn ass a seng rout Kaart. Awer och seng Zäit zu Marseille a seng kuerz Zäit an der Nationalekipp, déi mat engem Eclat op en Enn goung, d’Kockelarena a firwat en elo ausgewandert ass, beschäftegen eis.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO