
Op der Bün fillt d’Sascha Ley sech wuel. Vu Klengem un huet et si op d’Brieder gezunn, déi d’Welt bedeiten, an haut ass d’Sascha Sängerin, Songwriterin, Komponistin, Actrice a Produzentin. Si versteet et mat hirer Musek, eng ganz besonnesch Ambiance ze kreéieren an huet och schonn a ville Filmer iwwerzeegt. Am ‘Café des artistes’ sinn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d’Shari Schenten op hire Spuere gewandelt.
Um Piano am Café des artistes: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.