
Net nëmmen als Sängerin iwwerzeegt d’Stefanie Heinzmann reegelméisseg, mee och an de villen Interviewen déi si gëtt, bleift d’Schwäizerin total normal. Am Oktober 2007 konnt ee si eng éischte Kéier bei “TV total” gesinn an duerno gouf et vill Präisser wéi den Echo, de Comet, 1 Live Krone an d’Swiss Music Awards. Am “Café des artistes” am Gronn goung et beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten ëm Tréinen, kuerz Hoer, al Fotoen, d’Elteren, plakeg Kazen, Osteopathen, Hotelszëmmeren, Bananne, e Sonnebrand an dem Stefanie Heinzmann seng negativ Erfarung bei “Masked Singer”.
Piano: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.