Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Viviane Conter

RTL Lëtzebuerg
Zimmlech genee 40 Joer schafft d'Viviane Conter elo scho fir RTL.
© RTL

Zimmlech genee 40 Joer schafft d’Viviane Conter fir RTL. 1984 huet alles zu Bartreng mat Elbling um Bar fir d’Invitéeën ugefaangen, duerno huet d’Viv als TV-Produzentin fir RTL Plus geschafft. Spéider huet si vill Formater zu Lëtzebuerg gemaach, egal op et ëm d’kachen, ofhuelen, renovéieren, coifféieren oder den “Happy Diwwi”, “Planet RTL” oder “De Famillenduell” goung.

Am “Café des artistes” am Gronn gëtt si fir den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d’Shari Schenten e Bléck hannert d’Kulissen, wou och Nimm wéi David Hasselhoff, Siegfried a Roy an apaart den Oliver Bierhoff eng Roll spillen. Mir gi gewuer, wéi si an den Universal Studios dem King Kong den Aarm gebrach hunn a firwat deen éischte Mariage schonn no dräi Méint aus an u war.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO