Spin-off vun "Sex and the City"Rumeuren iwwert de Seriendoud vum Mr. Big oder Samantha Jones

RTL Lëtzebuerg
E Video, dee viru Kuerzem op TikTok verëffentlecht gouf, suergt den Ament fir vill Froen. Wiem säi Begriefnis gouf wärend den Dréiaarbechte gefilmt?
© AFP/Archiv/EMMANUEL DUNAND

Et ass schonn zanter Méint bekannt, dass d’Kim Cattrall (Samantha Jones) bei “And Just Like That ...” net wäert mat dobäi sinn. Fir vill Fans wäert dëst e grousst Lach hannerloossen. Wéi kann ee sech de Spin-off vun “Sex and the City” nëmmen ouni de Serië-Libling virstellen? Déi Fro gouf sech nawell dacks gestallt. Vun de Regisseure koum bis ewell nach keng Erklärung. A grad dowéinst mécht besonnesch eng Rumeur den Ament d’Ronn: De Seriendoud vum Samantha Jones.

Anerer spekuléieren an de sozialen Netzwierker, dass de Mr. Big kéint gestuerwe sinn. Der Promisäit vun der “New York Post” no, déi sech op Detailer aus dem Dréibuch berifft, hätte sech d’Carrie an hire Mann Big getrennt. No villem Hin an Hier wiere si net méi zesummen an d’Trennung wier alles anescht wéi friddlech iwwer d’Bün gaangen.

Et bleift also nach esou munches ze klären... Déi 10 Follege solle viraussiichtlech 2022 diffuséiert ginn. Spéitstens zu deem Zäitpunkt misst kloer sinn, wien an der Serie gestuerwen ass.

Back to Top
CIM LOGO