Bekannt aus "Star Trek"Schauspiller Kenneth Mitchell am Alter vun 49 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De kanadeschen Acteur war schonn e Samschdeg un de Suitte vu senger ALS-Krankheet gestuerwen, wéi seng Famill op Instagram matdeelt.
© FRAZER HARRISON / Getty Images via AFP

Bekannt war hien ënner anerem duerch seng Roll an der Science-Fiction-Serie “Star-Trek-Discovery”. Och am Kinofilm “Captain Marvel” hat hie matgespillt.

Am August 2018 gouf bei him ALS diagnostizéiert, 2020 hat hien dës eng éischte Kéier ëffentlech gemaach. Hien hannerléisst seng Fra a seng Duechter.

Back to Top
CIM LOGO