
De Grond fir d’Hospitalisatioun ass eng Wonn u sengem Been, déi hie sech am August zougezunn hat, esou de 60 Joer alen Däitschen der “Bild” géigeniwwer. Zanter ronn zwou Woche géif hien Antibioticke géint d’Sepsis kréien.
Leschte Summer hätt hie sech d’Schinnebeen ugeschloen an du wiere Bakterien an d’Wonn komm: “Elo hunn ech een ‘oppent Been’. Leider ass et ëmmer méi schlëmm ginn.” Tëschenzäitlech hätt esouguer eng Amputatioun zur Diskussioun gestanen.
Seng Kanner wieren op d’Insel gereest, fir him bäizestoen. Den Ament géif et dem Schauspiller nees méi schlecht goen. Hien hätt an der Nuecht op en Donneschdeg Féiwer kritt, esou den Til Schweiger. Hien hofft, fir d’Première vum neie Film vum Guy Ritchie “The Ministry of Ungentlemanly Warfare”, an deem hien eng Roll spillt, nees fit genuch ze sinn, fir derbäi ze sinn.