
De franséische Realisateur Claude Lelouch hat mat der Anouk Aimée an dem Jean-Louis Trintignant 1966 d’Libesgeschicht “Un homme et une femme” gedréint, deen och Oscar-priméiert gouf. De Film krut 1986 an 2019 zwou Fortsetzungen. 2002 krut d’Schauspillerin en Éieren-César fir hiert Liewenswierk.
En Dënschdeg ass d’Anouk Aimée am Alter vun 92 Joer gestuerwen.