
Am Alter vun 91 Joer ass den US-Schauspiller Ed Asner gestuerwen. “Mir sinn déif traureg, matdeelen ze mussen, dass hien de Moie friddlech gestuerwen ass”, sou d’Famill e Sonndeg (Lokalzäit) op Twitter. “Wierder kënnen net beschreiwen, wéi traureg mir sinn.”
Den Asner gouf engem grousse Public an der Roll vum Journalist Lou Grant an der US-Sitcom “Mary Tyler Moore” bekannt, déi vun 1970 bis 1977 diffuséiert gouf. Fir d’Roll vum Journalist huet den Asner dräi vu sengen insgesamt siwen Emmys gewonnen - déi wichtegst Tëleespräisser an den USA.
Am 2009 verëffentlechte computeraniméierte Film “Up” schwätzt den Ed Asner de Wittmann Carl Fredricksen. Dësen hat am Film dausende Ballonen hu säin Haus gebonnen, fir a Südamerika ze fléien - fir esou de Wonsch vu senger verstuerwener Fra no engem Abenteuer ze erfëllen.