Restauréierung ass ofgeschlossSkulptur "Hämmelsmarsch" vum Willy Lofy ass nees zu Lëtzebuerg

Jean-Marc Sturm
Tim Morizet
D'Konschtwierk vum verstuerwene Lëtzebuerger Kënschtler ass nees sou ze soen doheem um Roude Pëtz an der Uewerstad. En Donneschdeg war déi offiziell Aweiung vun deem Retour.
Skulptur "Hämmelsmarsch" vum Willy Lofy ass nees zu Lëtzebuerg
D’Museker mam décke Bauch, d’Kanner an d’Hämmele kruten en neie Botz aus Bronze mat donkel brongen Nuancen.

D’Skulptur hat no méi wéi 40 Joer missen fir ronn 5 Méint an d’Revisioun. D’Konschtwierk, dat ëmmer nees faszinéiert, ass aus patinéierter Bronze a war 1982 installéiert ginn. An iwwer 40 Joer hat se Gréngespoun ugesat an huet misse restauréiert ginn. Eng Missioun fir Spezialisten bei Paräis.

D’Museker mam décke Bauch, d’Kanner an d’Hämmele kruten en neie Botz aus Bronze mat donkel brongen Nuancen, idem d’Instrumenter mat enger Patine a Gold. Och de System vum Sprangbuer gouf moderniséiert.

D’Skulptur kritt och reegelméisseg eng Revisioun, sou d’Gisèle Reuter, Restauratrice vun de Stater Muséeën. D’Botterfra zu Ettelbréck, d’Maus Kätti zu Munneref, de Bacchus zu Réimech oder De Blannen Theis zu Gréiwemaacher - dat sinn nëmmen e puer vun anere bekannte Skulpture vum Will Lofy, deen 2021 am Alter vu 84 Joer gestuerwen ass. Ee Kënschtler dee permanent op der Sich war a seng eege Liewensphilosophie hat.

De Mann hat och Humor: Hien hat bei der Skulptur Hämmelsmarsch un enger Staang bei engem vun den Hämmelen een Phallus placéiert. Skandal gouf gejaut... Als Explikatioun sot de Lofy, dass dëst wéinst der Statik gemaach gouf.

Méi Detailer ginn et am offizielle Communiqué.

Back to Top
CIM LOGO