
Nach e Méindeg de Moien hat et geheescht, datt de Sänger nëmmen nach eng Woch ze liewen hätt. Am Laf vum Dag awer koum déi traureg Nouvelle, datt de Steve Harwell gestuerwe wier. Hie war kuerz viru sengem Doud awer nees heem komm, wou Frënn a Famill him eng leschte Kéier Äddi soe konnten.
2013 gouf eng Häerzkrankheet beim Steve Harwell diagnostizéiert, 2016 ass e wärend engem Concert wéinst Häerzproblemer zesummegebrach. 2021 huet de Museker, dee jorelaang och mat Alkoholprobleemer ze kämpfen hat, seng Karriär un den Nol gehaangen.
Seng Band Smash Mouth ass 1994 gegrënnt ginn. Besonnesch mat Lidder wéi “Walking in the Sun” an “All Star” hate si immense Succès.