Huet d'Lutte géint de Kriibs verluerSoul-Museker D'Angelo mat 51 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Nom Doud vum Sänger D'Angelo hu vill aner Kënschtler hir Bewonnerung fir de Museker ausgedréckt.
Den D'Angelo bei engem Optrëtt am Joer 2015.
Den D’Angelo bei engem Optrëtt am Joer 2015.
© RICK KERN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP

De Soul-Sänger D’Angelo ass en Dënschdeg am Alter vun 51 Joer u Kriibs gestuerwen. Dat mellen US-Medien a beruffe sech dobäi op d’Famill vum Museker. Dës huet den Doud vum Kënschtler an engem Schreiwes confirméiert.

Den D’Angelo gouf am Joer 2000 mam Lidd “Untiteld (How Does It Feel)” weltberüümt.

Nodeems d’Noriicht vum Doud vum Sänger public gouf, hu vill prominent Fans op de Soziale Medien hir Bewonnerung fir dem D’Angelo seng Musek ausgedréckt, dorënner ënner anerem d’Oscar-Gewënnerin Jennifer Hudson an de Grammy-Gewënner Tyler, the Creator.

Den D’Angelo koum 1974 am Virginia op d’Welt an huet schonn als Kand Musek gemaach. Säin Debut-Album “Brown Sugar” koum 1995 eraus a gouf direkt fir e puer Grammyen nominéiert. De weltwäiten Duerchbroch huet hien dunn am Joer 2000 mam Album “Voodoo” gepackt.

De Sänger hat am Laf vu senger Karriär ëmmer nees mat Alkohol- an Drogeprobleemer ze kämpfen.

Back to Top
CIM LOGO