Am Juli an de de ganze Summer iwwer steet de Süde vu Frankräich nees am Zeeche vun der Konscht. An direkt mat zwee Festivallen: les rencontres de la photographie d’Arles an den Theater Festival zu Avignon.
Zu Arles fënnt een nach bis de 24. September eng grouss Panoplie vun Eventer, Vernissagen a Renconteren. A Stroossen, Kierchen, Ausstellungsraim an historesch Bauten, iwwerall gesäit ee ganz divers Fotoexpoen. Lëtzebuerg ass fir déi sechste Kéier zu Arles vertrueden, an et ass déi éischte Kéier, datt just ee Fotograf Lëtzebuerg representéiert. Dem Daniel Wagner seng Ausstellung mam Titel “Opus Incentrum” kann een also dëst Joer an der Chapelle de la Charité entdecken, hei weist hie mat senger Mëschung aus Konstruktioun a Fotografie, wat d’Spuere vum Mënsch a senger Aarbecht sinn. Dat Ganzt ass vun der Danielle Igniti kuratéiert.
Um Festival d’Avignon krut een tëschent dem 5. a 25. Juli en Abléck an d’Konscht vum Theater an dem Danz. Dëse Festival zielt zu engem vun deene gréissten Theater- an Danzfestivalle vun der Welt. Bei der 77. Editioun goufen eng 1.500 Spektakelen op de Stroossen promouvéiert, dorënner sechs Produktioune mat Lëtzebuerger Participatioun. Eng vun deenen ass d’Theaterstéck Petit frère, la grande histoire Aznavour vum Laure Roldàn an den Danz vun der Choreographin an Dänzerin Elisabeth Schilling mat hirem Stéck Hear eyes move. Dances with Ligeti. Déi ganz Programmatioun vum Festival ass e Spigelbild vun der Gesellschaft, esou de Frank Hoffmann, Direkter vum TNL a Regisseur.
De Festival d’Avignon ass leider scho bal eriwwer, mä wien am Summer de Wee an d’Provence fënnt, huet nach bis de 24. September d’Chance, dem Daniel Wagner seng Wierker ze entdecken.