An der PhilharmonieSuperstar Ronan Keating kritt den Europäesche Kulturpräis 2024

RTL Lëtzebuerg
Dëst Joer ass d'Präisgala vum Europäesche Kulturforum déi éischte Kéier an der Philharmonie zu Gaascht.
De Ronan Keating bei der Night of the Proms 2016.
De Ronan Keating bei der Night of the Proms 2016.
© pressphoto.rtl.lu

Den iresche Superstar, deen duerch d’Boyband “Boyzone” bekannt gouf, dono och als Solokënschtler Succès hat an an der Jury vun “The Voice of Germany” souz, wäert awer net just a Presenz vun der Grande-Duchesse geéiert ginn, mä hie wäert och zesumme mam Orchester vun der Philharmonie optrieden. Den Europäesche Kulturforum ass nämlech bekannt dofir, datt si d’Grenzen tëscht de musikalesche Genren opbriechen an esou de Kulturbegrëff wäit iwwert seng Grenzen eraus deenen.

De Ronan Keating gëtt awer net just wéinst senger Musek a sengem Optrieden op der däitscher Tëlee, wou hie jonk Kënschtler fërdert, geéiert, mä och fir säin Engagement bei verschiddenen Organisatiounen. Ënner anerem ënnerstëtzt hien d’"Deutsche Krebshilfe” oder an Irland d’"Marie Keating Foundation”.

Den Orchester vun der Philharmonie gëtt dann op dësem Owend och geéiert, genau esou wéi déi mexikanesch Dirigentin Alondra de la Parra oder déi ägyptesch Sopranistin Fatma Said.

Wien op dësem Owend dobäi wëll sinn, ka sech seng Ticketen elo um Site vum Europäesche Kulturpräis kafen.

PDF: D'Schreiwe vum Europäesche Kulturforum

Back to Top
CIM LOGO