
Si iwwerhëlt d’Direktioun vum Musée fir zäitgenëssesch Konscht zu Sydney. D’Suzanne Cotter wäert de Musée d’Art moderne Grand-Duc Jean nach bei der Sich no engem Successeur ënnerstëtzen. Si hat ugangs 2018 d’Direktioun vum Mudam iwwerholl.
D’Suzanne Cotter war an den éischte Méint vun hirer Responsabilitéit als Direktesch gläich zweemol an d’Kritik geroden. Hir Decisioun, dat permanent Wierk “Chapelle” vum Wim Delvoye vu senger Plaz ewechzehuelen, hat se souguer musse virun der Chamberkommissioun erklären. En anonymme Bréif iwwer e “Malaise” beim Personal hat Ufank 2019 fir nei Opreegung gesuergt.
Ënnert der Suzanne Cotter huet de Mudam virun allem och déi hauseege Sammlung vu 700 Wierker aus der ganzer Welt an de Fokus gesat, dorënner vu Michel Majerus an Tina Gillen. Zwee Lëtzebuerger Kënschtler goufe mat enger Retrospektiv geéiert: 2019 waren et d’Wierker vum verstuerwenen Artist Bert Theis an 2020 déi vum Moler Jean-Marie Biwer.