Kulturhaaptstad 2023Symbolesch Skulptur fir déi nächste Kulturhaaptstied

RTL Lëtzebuerg
D'Kulturhaaptstad huet de Grand-Duché offiziell verlooss. Ganz ewechzedenken, ass Lëtzebuerg vum neie Kulturjoer awer net.
© Esch22

E Méindeg den Owend hu sech d’Organisateure vun den dräi Kulturhaaptstied 2022 mat hire Successeure vun der Editioun 2023 zu Athen fir d’Iwwerreechungszeremonie zesummefonnt. Am Kader vun dëse Feierlechkeete gouf unhand vun enger Skulptur den Titel vun der Kulturhaaptstad symbolesch iwwerreecht.

An dësem Joer zitt et d’Visiteuren a Griichenland (Elefsina), Rumänien (Timisoara) an Ungarn (Veszprém).

D’Skulptur, déi dëst Joer iwwerreecht gouf, ass vun der Lëtzebuerger Glaskënschtlerin Pascale Seil kreéiert ginn. E Wierk, dat ganz am Zeeche vun der Geschicht an de Wäerter vun Europa steet.

En europäescht Zeeche made in Luxembourg
D’Glaskënschtlerin Pascale Seil iwwert den Kreatiounsprozess vun hirer Statue vir d’Kulturjoer 2023. ©Esch22

D’Statu soll e stiliséierte Stéier duerstellen. Eng Uspillung un de Mythos vum Zeus, dee sech an e Stéier verwandelt hat, fir Europa ze entféieren. Weider “ass Glas duerchsichteg, wat un d’Transparenz an Europa soll erënneren”, sou d’Kënschtlerin.

© Esch2022

PDF: Schreiwes iwwer d'Titeliwwerreechung Kulturhaaptstad 2023

Back to Top
CIM LOGO