Ugefaangen huet alles an England, wou d’Anne ganzer 12 Joer gewunnt huet. 2013 ass dunn déi éischt Episod vun hirer Kach-Sendung mam selwechten Numm bei eis op der Antenne gelaf.
An de Staffelen duerno, huet d’Anne eis mat a verschidde Länner geholl an eis traditionell Rezepter vun de jeeweilege Plaze méi no bruecht - dat dacks mat engem Lëtzebuergeschen Twist. Den 1. Juni ass hiert neit Buch “Tastes of Luxembourg” erauskomm. Hei sinn traditionell Lëtzebuergesch Rezepter dran, mat all kéiers ëmmer enger Alternativ – also engem Twist, dee bei hire Rezepter jo net feelen dierf.
[commenst]