E Monolog an der Kufa zu EschTheaterstéck "Genuch ze dinn"

Claudia Kollwelter
"Genuch ze dinn" - dat ass den Titel vun engem Theaterstéck, dat en Dënschdeg Première an der Kulturfabrik zu Esch féiert. Am Samuel Hamen sengem Monolog gëtt vill Verschiddenes opgegraff: d'Léift, Originnne oder d'Lëtzebuerger Land sinn just e puer Themen. Wéi kritt een esou en Text iwwerhaapt op d'Bün a wat erwaart de Public? Mir hunn am Virfeld mat der Regisseurin an der Schauspillerin vum Stéck geschwat.
© Pit Reding

E Monolog op d'Bün bréngen, ass net den einfachsten Exercice. Dat war sech d'Liss Scholtes bewosst, wéi d'Kulturfabrik si gefrot huet, en Text vum Samuel Hamen z'inzenéieren. Dat Ganzt dann och nach an engem net klasseschen Theatersall huet hier awer richteg Loscht gemaach, dee Challenge unzehuelen. Nodeems si den Text vum Lëtzebuerger Auteur, deen a Residenz an der Kufa ass, gelies huet, ass hire Choix och relativ séier op d'Anne Klein als Schauspillerin gefall. Och d'Actrice war sech vu vir era bewosst, datt et kee klasseschen Theater-Projet wier:

"Et ass och spannend fir ze gesinn, wéi en Text, deen am Fong fir e Buch geschriwwe ginn ass, dee wierklech net geduecht ass als Theaterstéck, deen u sech à la base eng Sproochnoriicht ass, wéi een dat als Theaterstéck ëmsetzt, an do hunn ech mech gefrot, wéi d'Liss sech dat virstellt. An dat ass alt flott, wann s de esou Contrainten hues, da komme meeschtens cool kreativ Saachen dobäi eraus."

D'Ausgankssituatioun spillt an engem Foodtruck. Den Haaptpersonnage ass an deem Foodtruck agespaart, well et bausse reent. D'Liss Scholtes:

"Et gëtt ganz vill iwwer Reen a Schluet geschwat. A wéi vill Wierder kann ee benotzen, fir Reen auszedrécken. An dat ass esou d'Ausgankssituatioun, déi eppes ausléist, fir déi Sproochnoriicht, souzesoen, ze maachen un den Ex-Partner. An et geet awer dann net nëmmen dorëms, déi Bezéiung ofzeschléissen, mee et ass eng ganz Selbstreflexioun, déi do matspillt. Dat heescht, ënnerhalb vun deem Owend, dee mir elo weisen, gëtt wierklech eng Kéier d'Liewe vun där Persoun rekapituléiert. Wien ass déi Persoun, mat wéi enge Struggles huet déi Persoun ze kämpfen."

Evident wier et net, eleng op der Bün ze stoen, gëtt d'Anne Klein zou:

"Also et ass vill méi komplizéiert, well ee keen huet, deen engem iergendwéi hëlleft, et muss een op all Text selwer kommen. An dann ass et halt och wierklech déi Responsabilitéit eleng, fir do déi Variatiounen dran ze bréngen, dass et net e monotonen Truc ass, wou d'Leit sech iergendwann langweilen."

D'Actrice Anne Klein an d'Realisatrice Liss Scholtes
D'Actrice Anne Klein an d'Realisatrice Liss Scholtes
© Claudia Kollwelter

Fir dem Text vum Lëtzebuerger Auteur Samuel Hamen méi Raum ze ginn, huet d'Regisseurin decidéiert, mat Video ze schaffen. Dofir huet si mam Gilles Seyler a mam Konstantin Rommelfangen am Virfeld zesumme geschafft:

"Well et geet eben an deem Text ëm eng Voice Message vun där enger Persoun, déi jo nëmmen aus enger Siicht erzielt gëtt. An duerch de Video kënne mer awer och elo nach e bëssen eng aner Siicht mat erabréngen. Also et ass natierlech alles d'Virstellung vun där Schauspillerin, vun deem Charakter op der Bün. Mee ob dat elo 100 % esou ass, dat weess een net."

Fir d'Bünebild an d'Kostümer huet Liss Scholtes mam Loriana Casagrande geschafft. D'Regisseurin schafft gär am méi Abstrakten:

"Dofir war et fir mech relativ schnell kloer, et gëtt kee Food Truck op der Bün. Et gëtt och net déi Saachen, iwwert déi déi ganz Zäit am Text geschwat gëtt. Déi wäert een och net gesinn. Also mir sinn do schonn zimmlech abstrakt. Well ech mengen, bon et huet och eng ästhetesch Saach, mee ech hunn ëmmer d'Gefill, dass een net alles muss bebilleren mat Requisitten oder wat och ëmmer, fir eng Geschicht ze erzielen. Et gëtt relativ vill iwwert den Text an iwwert d'Spill schonn erzielt."

Dem Samuel Hamen säin Text ass net spezifesch fir d'Bün geschriwwe ginn an dofir deelweis gekierzt oder liicht adaptéiert ginn, huet Liss Scholtes nach erkläert. Duerch d'Bünebild, de Video an d'Konzept vun der Inzenéierung ass vill Beweegung am Stéck. An et huet een och net d'Gefill, just eng Geschicht ze héieren.

Wéi dat Ganzt tatsächlech op der Bün ausgesäit, dovu kann een sech vun en Dënschdeg den Owend un an der Kulturfabrik iwwerzeegen, wou d'Stéck och nach e Freideg a Samschdeg gespillt gëtt ier et dann am Dezember am Mierscher Theater gewise gëtt. Weider Informatiounen fannt der um Site vun der Escher Kufa.

Back to Top
CIM LOGO