Op rockhal.luTickete fir d'LSC-Finall ginn et vun e Mëttwoch um 17 Auer un

RTL Lëtzebuerg
Wie bei der grousser LSC-Finall mat dobäi wëll sinn, ka sech vun de Mëttwoch den Owend un seng Tickete besuergen.
© Steve Müller

De 24. Januar ass déi grouss Finall vum Luxembourg Song Contest an der Rockhal. De Gewënner vum LSC wäert jo de Grand-Duché op der Grousser ESC-Bün zu Wien an der Woch vum 11. bis de 17. Mee vertrieden.

Wann Dir bei der Finall vum Luxembourg Song Contest mat dobäi wëllt sinn, kënnt Dir vun e Mëttwoch de 17. Dezember um 17 Auer un Är Ticketen um Site vun der Rockhal bestellen.

D’Videoe vun der Lidder vun de Finaliste fannt der alleguerten op der “Eurovision Luxembourg"-Säit op Youtube.

LSC-Finaliste preparéiere sech op déi grouss Bün
De leschte Weekend huet RTL Workshops organiséiert, wou d’Kandidate sech besser kenneléiere konnten an als Grupp zesummewuessen.

Back to Top
CIM LOGO