Hollywood"Top Gun"-Start op en Neits no hanne verréckelt

RTL Lëtzebuerg
Eigentlech war geplangt, datt de Film Mëtt November soll ulafen. De Start gouf elo no hanne verréckelt. Schold soll d'Hausse vun Delta-Infektioune sinn.
© AFP (Archiv)

De Revival vum Blockbuster aus dem Joer 1986 soll am Mee 2022 an den USA an d’Kinoe kommen. Dëst bréngt mat sech, datt och den neien “Mission: Impossible” op een aneren Dag verréckelt gëtt. Och d’Komedie “Jackass Forever” gouf vum Oktober 2021 op de Februar 2022 verluecht.

D’Hollywood-Studios fäerten, datt wéinst der Pandemie keng Leit an d’Kinoe ginn an d’Filmindustrie doduerch Minus mécht.

Back to Top
CIM LOGO