
D’Offer dirigéiert sech un Dänzer, déi am contemporaine Genre ënnerwee sinn an eng Starthëllef brauche fir hiren Universum mat engem Public ze deelen. “Ech sinn der fester Iwwerzeegung, dass net all d’Choreographen einfach talentéiert op dës Welt kommen, mä dass och dat e Beruff ass, dee sech léiere léisst, genau wéi Dänzer”, sou de Bernard Baumgarten, Direkter vum TROIS C-L. “Et gi bis haut awer wéineg Formatiounen, déi sech der Choreographie widmen an nach manner Institutiounen, déi ee bei deem Léierprozess begleeden. Wa mir wëllen eng kompetent Zeen u Choreographen hei am Land hunn, déi och international aktiv sinn, musse mir sou Programmer och ubidden an d’Talenter fërderen. ‘Les Émergences’ ass ee sou ee Programm.”
Lancéiert gouf d’Format 2015. Zanterhier goufe scho fënnef Editiounen ofgehalen an “all Editioun hat seng staark Momenter, mä et si virun allem d’Premièren déi engem besonnesch an Erënnerung bleiwen”, sou de Bernard Baumgarten. “No all deene laange Woche wou geprouft gouf, wou ee sech hannerfrot huet an Zweiwelen hat, ass et ëmmer rëm impressionant ze gesinn, wéi héich qualitativ an aussergewéinlech d’Stécker am Endeffekt ginn.”
Den Ufank vun all Editioun ass een “appel à projet” un déi ganz Lëtzebuerger Zeen. D’Dossiere ginn da vun engem professionelle Jury ausgewäert. Mat dobäi ass dës Kéier déi griichesch Dänzerin a Choreographin Ioanna Anousaki, déi zanter e puer Joer zu Lëtzebuerg lieft a schafft, an déi hiert Wierk “RORETRA” presentéiere wäert.
"RORETRA hëlt ee mat op eng dreemarteg Rees duerch mathematesch Transformatioune vu contemporaine Mouvementer”, erkläert d’Ioanna Anousaki. “Et gëtt vill mat Geometrie an dynamesche Formule gespillt, an ass eng Rencontre tëschent Sciencen a Choreographie als Konschtform.”
Dann iwwerhuelen den Duo Alicia Cano a Benoît Callens vun der KnowEdge asbl d’Bün mat hirem Stéck “Echos Infinis”.
“Bei ‘Echos Infinis’ dauche mir an déi repetitiv Mustere vun eisem Alldag an déi divers Reaktiounen, déi doduerch ervirkommen”, sou d’Alicia Cano an de Benoît Callens. “Dat geet vu Refusen iwwer d’Akzeptéiere vu Changement a Wuesstem.”
Zu gudder Lescht kënnt een nach an de Genoss vun der Choreographie “The In Between” vun der Dänzerin a Choreographin Nora Noush.
"'The In Between’ daucht an d’Recherche no Identitéit an, an deen Zwiispalt an eis tëschent eiser Identitéit an de sozialen Normen an Influenzen déi vu bausse kommen”, seet d’Nora Noush. “D’Stéck illustréiert deen Zwiispalt, déi Lutte vun Iddien, Gedanken an Emotiounen, déi Deel vun deem Parcours sinn.”
“Fir dës Editioun hu mir eng bont Mëschung u Createuren - zwee vun hinne kommen aus der urbaner Danzzeen, eent vun hinnen huet éischter e klassesche Parcours hannert sech. Obschonns si aus sou ënnerschiddleche Beräicher kommen, hu si hir Wierker alleguer konnten op eng contemporaine Manéier ëmsetzen a gläichzäiteg hiren eegene Stil dobäifügen”, erkläert de Bernard Baumgarten.