Rotondes"Two Steps Twice" invitéiert op zwee Concerten

RTL Lëtzebuerg
De Label "Two Steps Twice" gouf 2017 vum Lëtzebuerger Gittarist Tun Biever gegrënnt.
© RTL Archivbild

Zesumme mat anere jonke Museker, dorënner Nowuesstalenter a Professioneller, huet hien de Kontakt tëschent nationalen an internationale Kënschtler méiglech gemaach. Zum Musek Kollektiv “Two Steps Twice” zielen, nieft de Lëtzebuerger Kënschtler, och hollännesch, brittesch, dänesch an däitsch Bands, sou wéi och Solo-Artisten. De Label vertrëtt aus der Lëtzebuerger Musekszeen zum Beispill “TUYS”, de “MAZ”, de “Maale Gars” oder “das RADIAL”. International Kënschtler sinn nieft “Reveal Party”, och “The Mighty Breaks”, “PORT ERIN” a “MIRRAR”. De Label vertrëtt awer net nëmme Museker, mee schafft och mat Realisateuren zesummen, wei beispillsweis mam Yann Gengler, Bassist vun den “TUYS”, fir de Kuerzfilm “Reality Management Ltd.”.

Den 21. August ass dann d’Label Night vun “Two Steps Twice” mat der Lëtzebuerger Band “TUYS” an der dänescher Singer-Songwriterin “Reveal Party”. Am Kader vun de Congés Annulés triede si an de Rotonden op.

“TUYS” sinn zanter méi wéi 15 Joer fir hiren extravagante Stil bekannt. Bei der Indie-Rock-Band aus Lëtzebuerg héiert een an hirem Museksstil och emotionell Psych-Pop-Nuancë mat klackenähnleche Gittarstéin, a Synth mat dräi stëmmegen Harmonien eraus. Eng sëllege Concerten zu Lëtzebuerg an uechter Däitschland, sou wéi och an Éisträich, hunn dem Quartett verhollef ze wuessen. Elo si si gréisstendeels zu Berlin a Lëtzebuerg aktiv. Am Abrëll koum dunn hiert leschte Wierk “Reality Management Ltd.” eraus. An dësem Kuerzfilm, dee gläichzäiteg e Museksalbum ass, hu se am ganzen 11 Lidder verëffentlecht. “TUYS” verbënnt gären hir Musek mam Visuellen. Wéi een och an hire Museksvideo gesäit, spillen si mat der Realitéit an der Fiktioun, an dat op eng satiresch Manéier.

Den zweeten Akt vum Owend, d’Emily Holm Nyhuss, besser bekannt ënnert dem Numm “Reveal Party”, ass eng dänesch Kënschtlerin. Et huet alles ugefaange mat hirem Debut-EP “You Stole a Year of My Life” 2020. Duerch dës EP krut si och direkt de Musekspräis vun den Danish Rainbow Awards 2021. Mëttlerweil huet si méi wéi 80 Concerten uechter Dänemark, Holland an Norwege gespillt a kënnt am August op Lëtzebuerg. An hire Lidder séngt d’Emily Holm Nyhuss iwwert hiert perséinlecht Liewen a wéi et ass, eng transsexuell Fra an der Musekszeen ze sinn, an dat op eng sarkastesch Manéier. E Melange u Midwest-Emo a moderne Pop-Songs mëscht deemno hire Stil aus.

Ticketen a weider Infoen iwwert Concert vun an de Rotonden fënnt een HEI.

null

Back to Top
CIM LOGO