Eng PremièreUm Programm vum Théâtre du Centaure an der Stad steet e Kannertheatherstéck

Patricia Baum
D’Julie an den Aprikosejong, esou heescht déi nei Produktioun.
D’Julie an den Aprikosejong
Um Programm vum Théâtre du Centaure an der Stad steet eng éischte Kéier e Kannertheatherstéck.

Eng Geschicht vum Lëtzebuerger Auteur Cosimo Suglia, di ursprénglech eng Horrorgeschicht war. Zesumme mat der Regisseurin Daliah Kentges ass den Text an e Märche verwandelt ginn.

D’Julie an den Aprikosjong erzielt d’Geschicht vun engem Meedchen dat, gedriwwen duerch säi Virwëtz a seng grouss Léift fir Aprikosen, an de verbuedene Bësch geet, fir dee gréissten a schéinsten Aprikosebam ze fannen. Hei léiert et den Aprikosejong kennen an et entsteet eng Frëndschaft. Den Aprikosejong ass allerdéngs anescht wéi di aner an domat traitéiert d’Theaterstéck Theme vun der Frëndschaft an awer och, wéi ee mat eppes oder engem Friemen ëmgeet.

D’Zeenografie ass engersäits markéiert duerch de grousse Bam, deen och gläichzäiteg dem Aprikosejong seng Mamm ass, an anerersäits duerch di märchenhaft Atmosphäre op der klenger Bün vum Centaure.

Bis de 5. Mee gëtt «d’Julie an den Aprikosejong» am Théâtre du Centaure gespillt an dat op Lëtzebuergesch an op Franséisch.

Back to Top
CIM LOGO