Bekannt aus "Breaking Bad"US-Acteur Bob Odenkirk no Malaise a "stabillem Zoustand"

RTL Lëtzebuerg
De Serien-Star ass en Dënschdeg wärend den Dréiaarbechte vun der Fernseeserie "Better Call Saul" zesummegebrach.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Matt Winkelmeyer

Den 58 Joer ale Schauspiller gouf wéinst Häerzproblemer an d’Spidol ageliwwert. Säin Zoustand wier stabil, huet säi Spriecher matgedeelt.

De Bob Odenkirk ass ënnert anerem bekannt fir seng Roll an de Serien “Breaking Bad” a “Better Call Saul”. Fir déi zweet gouf hien e puer Mol fir d’Emmy Awards a Golden Globes nominéiert.

Back to Top
CIM LOGO