Ana de Armas aus Film geschniddenUS-Geriicht erlaabt Klo géint Universal Pictures

RTL Lëtzebuerg
Zwee Fans vum Ana de Armas dierfen an den USA viru Geriicht goen, well d'Schauspillerin aus engem Film geschnidde gouf.
© AFP/Tommaso Boddi

Am Trailer vum Film “Yesterday” war d’Schauspillerin zwar am Trailer ze gesinn, am Film ass si dunn awer net méi opgedaucht. D’Ana de Armas, déi ënnert anerem aus dem Bond-Film “No time to Die” an dem Marilyn-Monroe-Film “Blonde” bekannt ass, war am Schlussmontage erausgeschnidde ginn.

De Peter Michael Rosza an de Conor Woulfe hate jeeweils 3,99 Dollar ausginn, fir de Film beim Streamingdéngscht Amazon Prime ze kucken. Elo steet eng Fuerderung op Schuedenersatz iwwer 5 Milliounen Dollar am Raum.

Déi zwee Fans geheien dem Hollywoodstudio Universal Pictures Täuschung vir, “well Verbraucher net den erwaarte Géigewäert vun hirem Kaf- oder Léingeschäft krut hunn”.

Back to Top
CIM LOGO