Weltwäit FaszinatiounVeianen gehéiert CNN no zu de schéinste Schlässer weltwäit

RTL Lëtzebuerg
Fir déi eng ass et d'Geschicht déi derhannert técht, fir déi aner ass et d'Schéinheet vun der Architektur. Schlässer hu fir vill Leit eng Unzéiungskraaft.
© RTL

Opgezielt am Artikel vu CNN ginn niewent Schlass Neuschwanstein an Däitschland, dem Himeji-Castle a Japan oder dem Château de Chambord a Frankräich, och déi gréissten touristesch Attraktioun zu Lëtzebuerg, nämlech d’Schlass zu Veianen.

Eleng an de Summerméint Juli an August passéieren hei bal 90.000 interesséiert Visiteuren aus der ganzer Welt.

Virun allem déi exzeptionell Lag vum Schlass an déi villfälteg a räich Geschicht, mécht dëst Schlass weltwäit fir Fans vu Buergen a Schlässer attraktiv.

© RTL

D’Schlass selwer gëtt virun allem fir seng Mëschung aus romaneske a goteschen Elementer, kombinéiert mat Stil-Elementer aus der Renaissance vum amerikanesche Medienhaus ervirgehuewen.

Tëscht dem 11. an dem 14. Joerhonnert gouf dëst Schlass zu Veianen gebaut, respektiv nees opgebaut an zielt zu de wuel wichtegsten historesche Gebaier am Grand-Duché. D’Schlass war iwwregens bis 1977 am Besëtz vun der groussherzoglecher Famill, ier et an d’Hänn vum Lëtzebuerger Staat iwwergaangen ass.

Am Artikel gëtt dann och déi grouss Zuel u Schlässer zu Lëtzebuerg ervirgehuewen. Iwwer 50 un der Zuel, eng impressionant Zuel, wann ee bedenkt, wéi kleng de Grand-Duché an sech ass. Hei sinn d’Buergen nach net mat agerechent, soss géif een op iwwer 70 Gebaier kommen.

Souguer dat zu Lëtzebuerg bekannte Mëttelalterfest, dat ëmmer um Schlass zu Veianen ass an dausende vu Leit unzitt, gëtt an der Lëscht ernimmt.

De kompletten Artikel vu CNN gëtt et hei!

Back to Top
CIM LOGO