Expo an der Villa VaubanViaggio in Italia

RTL Lëtzebuerg
Entdeckungstour duerch "Bella Italia"
Expo Viaggio in Italia
Villa Vauban

Seng landschaftlech Villfalt a säi grousse kulturelle Räichtum maachen Italien schonn zanter Joerhonnerten zu engem vun de beléiftste Reesziler iwwerhaapt. Wiem et dëse Summer no enger klenger Rees duerch “Bella Italia” ass, dee muss sech awer net extra op dee laange Wee an de Süden maachen.

Mat Konschtwierker aus véier Joerhonnerte féiert d’Ausstellung " Viaggio in Italia ", een a sechs Raim duerch déi beléiftste Stied a Regioune vum Land.

D’Ausstellung mat italieeneschem Flair kann ee sech nach bis den 12. Oktober ukucke goen.

Déi ganz Sendunge vum Passepartout am Replay

Back to Top
CIM LOGO