Dat no engem Weekend, op deem déi Lëtzebuerger Filmproduktiounsgesellschaft Samsa Film op de soziale Reseaue mat vill Kritik konfrontéiert war. D’Produzenten hunn iwwer eng Casting-Agence no Leit gesicht, déi an der zweeter Saison, ënnert anerem Drogendealer, spillen. Doropshi krute si Rassismus reprochéiert.
Et geet ëm hir Annonce. D’Casting-Agence sicht fir déi zweet Saison vu ''Capitani’’ no Actricen an Acteuren. An dësem Fall wuel éischter Statisten. Dat liest sech dann esou: gesicht ginn ënnert anerem zwee Männer mat afrikaneschen Originnen am Alter tëscht 25 an 55 Joer. Si sollen an der Serie eng Waff an der Hand halen. Weider 5 afrikanesch Männer sollen Dealere spillen. Et sinn laang net all d’Stereotyppen déi an dëser Annonce ze fanne sinn. D’Opreegung op de soziale Reseaue war enorm. Virun allem déi jonk schwaarz Communautéit fillt sech gekränkt a benodeelegt. D’Ekipp vu “Capitani”, och vun der éischter Saison, ass quasi exklusiv wäiss, seet Myriam Abaied, Member vun der Associatioun Finkapé.
“Do si Minoritéiten net representéiert. A wann ee sech un der Realitéit wëll inspiréieren a schwaarz Dealeren op der Gare weist, da muss een och déi aner Säit vun der Realitéit weisen.”
Schwaarz Fraen a Männer sinn an der Realitéit nämlech och Polizisten, Zaldoten, Bankieren a Journalisten, eben net nëmmen Drogendealeren. Och wann d’Associatioun Finkapé, déi d’Mënsche mat afrikaneschen Originne representéiert, d’Realitéit op der Stater Gare net niéiere wëll. Konscht misst net politesch sinn, se kéint et awer, an hëllefe Stereotyppen ofzeschafen, amplaz se ze festegen, esou d’Antonia Ganeto, Spriecherin vu Finkapé.
“Och e populäre Film kann duerchaus dozou déngen, d’Leit zum Matdenken ze beweegen an de Problem vun der Gare e bësse méi nuancéiert ze gesinn.”
D’Produktiounsfirma Samsa huet sech e Sonndeg de Moie via Twitter entschëllegt. Se géinge sech fir déi net-appropriéiert Sprooch vun der Agence entschëllegen, déi mam Casting beoptraagt ass.
D‘Antonia Ganeto seet dofir: ''Jidderee mécht Feeler. Et geet eis einfach drëms, en Debat unzestoussen, net méi. Do war bestëmmt kee béise Wëllen dobäi. Dat ass ''Flappsegkeet’’, wann ee sou wëll. Dat hätt kënne vun aneren iwwerlies ginn an a Fro gestallt ginn.’'
D’Associatioun Finkapé freet e generellen Debat iwwer Klischeeën am Film. Kee vun de Responsabele vu “Capitani” wollt op Nofro hin mat RTL schwätzen. Vläicht maache se et jo awer nach mat den concernéierte Leit.